Ukrain-KrichDoudeger bei russeschen Attacken op d'Ukrain

RTL Lëtzebuerg
Am Ukrain-Krich geet et weider mat de géigesäitegen Attacken tëscht Russland an der Ukrain.
Zerstéiert Gebaier an der Regioun Kiew
Zerstéiert Gebaier an der Regioun Kiew
© TETIANA DZHAFAROVA/AFP

Bei russeschen Ugrëffer op d'Ukrain sinn an der Ëmgéigend vu Kiew zéng Leit gestuerwen a ronn 100 blesséiert ginn. Déi ukrainesch Loftwaff hätt nëmmen eng vun dräi Rakéite kënnen ofwieren, heescht et vun de lokalen Autoritéiten.

An der Regioun Donezk am Oste vum Land hu russesch Bommen op d'mannst fënnef Leit ëmbruecht. Néng weider Persoune si blesséiert ginn. De russesche Verdeedegungsministère rechtfäerdegt d'Attacken domadder, dass een e Standuert fir Militärdrone getraff hätt.

D'Ukrain mellt och nach op d'mannst zwee Doudeger bei neie russeschen Attacken an der Stad Sumy am Nordoste vun der Ukrain. D'Dronen hätten ee Postbüro getraff, dobäi wieren zwee Männer ëm d'Liewe komm. Zwee weider Männer wiere verwonnt ginn.

Russland schwätzt sengersäits vun engem "massive feindlechen Dronenugrëff" op d'Stad Belgorod. Rieds geet vu Blesséierten a Schied un den Infrastrukturen. Bei de géigesäitegen Attacke sinn och schonn e puer Mol Dronen an de rumänesche Loftraum geflunn. Esou och elo nees. Déi rumänesch Arméi huet eegenen Aussoen no e Freideg an e Samschdeg Dronen am Loftraum vum Nato-Memberland missen ofschéissen.

Back to Top
CIM LOGO