Den Tropestuerm "Cristina" huet op sengem Wee a Richtung Zentralamerika déi éischt Doudesaffer gefuerdert. Bei engem Äerdrutsch an der Stad Nahuala am Guatemala, deen duerch Ausleefer vum Stuerm verursaacht gouf, wier e Kand ëm d'Liewe komm, esou déi lokal Autoritéiten.
Ausserdeem goufen aus dem Guatemala an och dem El Salvador Zerstéierungen duerch héich Wellen an Iwwerschwemmunge gemellt. Am El Salvador goufen e Mëttwoch an en Donneschdeg all d'Schoulen an d'Universitéiten zougemaach.
Fir all d'Küsteregioune vun Zentralamerika ass wéinst dem "Cristina" mat heftegem Reen ze rechnen. Den US-Hurrikanzentrum huet matgedeelt, datt den Tropestuerm aktuell bis zu 55 km/h erreecht huet.
D'"Cristina" wäert viraussiichtlech an der Nuecht op en Donneschdeg op Land treffen an dono weider a Richtung Zentralamerika zéien.