Biergerkrich am SudanDosende Leit an de leschten Deeg duerch Dronenattacken ëmkomm

RTL Lëtzebuerg
Zanter dräi Joer leit d'Populatioun am Sudan ënnert dem Biergerkrich.

Am Sudan hëlt de Biergerkrich keen Enn. Schonn dräi Joer laang sinn d’Ziviliste massiver Gewalt ausgesat, virop Attacken aus der Loft. An de leschten Deeg goufen Dosende Mënschen duerch Dronenattacken ëmbruecht.

E Freideg den Owend gouf et eng Attack op e Spidol mat op d’mannst 60 Doudegen. Dat mellt d’Weltgesondheetsorganisatioun dëse Sonndeg. Si schwätze vu 64 Mënschen, dorënner 13 Kanner, déi ëm d’Liewe komm sinn. Donieft goufen et 89 Blesséierter.

Wie fir dës Attack responsabel ass, gouf net matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO