Trotz Néierlag um GeriichtDonald Trump wëll US-Staatsbiergerschaft weider limitéieren

RTL Lëtzebuerg
Viséiert ass de sougenannte Gebuertstourismus, bei deem Fraen an d'USA kommen, fir do Kanner ze kréien, déi dann d'US-Nationalitéit kréien.
WASHINGTON, DC - JULY 06: U.S. President Donald Trump talks to reporters in the Oval Office while marking the first day of trading for "Trump Accounts" at the White House on July 06, 2026 in Washington, DC. The accounts are a $1,000 government seed deposit for children born between 2025 and 2028, with family and employer contributions capped at $5,000 annually and restricted to low-cost U.S. equity index funds. Anna Moneymaker/Getty Images/AFP (Photo by Anna Moneymaker / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP)
Den US-President de 6. Juli 2026 viru Reporter am Wäissen Haus.
© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/Getty Images via AFP

Um ieweschten US-Geriichtshaff gouf et zwar eng massiv Néierlag fir den US-President, mä den Donald Trump fiert mat sengem Plang weider, d'US-Staatsbiergerschaft ze limitéieren.
En Donneschdeg huet den US-President en Dekreet ënnerschriwwen, dat de sougenannte Gebuertstourismus soll verhënneren. Fraen, déi als Touristen an d'USA kommen, fir do hir Kanner ze kréien, fir dass de Puppelchen déi amerikanesch Nationalitéit kritt. Genee dat ass elo net méi méiglech.

D'Riichter vum Supreme Court haten eng éischt Decisioun, déi änlech formuléiert war, schonns majoritär gekippt, wat dem Trump no onfair an ganz onglécklech gewiescht wier.
D'Riichter sinn awer explizitt: Déi amerikanesch Verfassung gesäit vir, dass all Kand, dat an den USA gebuer gëtt, automatesch och d'US-Nationalitéit kritt.

Back to Top
CIM LOGO