
Den US-President Donald Trump huet Bedenken iwwer d'Sécherheetsrisike vun enger ze schneller Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz (KI) nees ofgewisen. Op senger Plattform Truth Social huet hien e Méindeg vun enger „kranker Verschwierung“ géint KI an déi néideg Rechenzentre geschwat. Vun der aktueller Debatt an den USA géif senger Meenung no nëmme China profitéieren.
„Déi eenzeg Kontroll oder déi eenzeg 'Leitplanken', déi KI brauch, ass e staarken an intelligente President mat engem héijen IQ“, huet den Trump geschriwwen. „An dovun hunn d'USA méi wéi genuch.“
Gläichzäiteg huet hien de Chef vun der KI-Firma Anthropic, Dario Amodei, schaarf kritiséiert. Den Amodei hat fir eng méi virsiichteg an domat méi lues Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz plädéiert. Als Begrënnung hat hien op „gravéierend“ Risike fir d'Mënschheet higewisen. Ënnerstëtzt gouf hie vum OpenAI-Chef Sam Altman an och vum Tech-Milliardär Elon Musk.
Schonn um Rand vu sengem Irland-Besuch um Weekend hat den Trump Warnunge virun de méiglechen negative Konsequenze vun der KI zeréckgewisen. Hien huet sech schonn e puermol géint eng staark Reguléierung vun der Technologie an den USA ausgeschwat. D'USA missten am Konkurrenzkampf mat China d'Spëtzt behalen an däerften net hannendru geroden, esou den Trump.
Nodeems d'Cheffen vu verschiddenen KI-Entreprisen an den USA virdru gewarnt hunn, datt déi séier Entwécklung vun den Technologien geféierlech Suitte kéinten hunn, reagéiert elo déi international Politik. Hannergrond vun den Opriff, d'Entwécklung vu KI ze bremsen, waren alarmant Virfäll, bei deenen d'Programmer deels selbststänneg gehandelt a Systemer vun anere Computerfirmen ugegraff sollen hunn.
D'Regierung zu Beijing huet d'Aussoe vun den US-Techbossen kritiséiert, et géif een ze vill Alarm schloen, an dat géif der globaler Zesummenaarbecht schueden. Et wier een awer oppen, fir op internationalem Plang iwwer eenheetlech Reegelen ze diskutéieren.
Déi däitsch Regierung huet iwwerdeems uginn, et géif een d'Warnunge ganz eescht huelen an huet fir Léisungen, beispillsweis am Kader vun de G7-Sommeten, plädéiert. Den héchste Sécherheetsgremium bei eisen däitschen Noperen, den nationale Sécherheetsrot, hätt sech dann och schonn mam Sujet befaasst.