
Wärend d'Nationalhymn virum Spill am Madison Square Garden gespillt gouf, ass den Donald Trump um groussen Ecran gewise ginn. De Publikum huet de President doropshin haart ausgebuut. Den Trump ass zu New York gebuer a gëllt als Fan vun den New York Knicks. Déi stinn dëst Joer an den NBA-Finals de San Antonio Spurs géigeniwwer.
E Méindeg den Owend war am Madison Square Garden déi drëtt vu méigleche siwe Finallen, an där déi zwou Ekippe sech géigeniwwer stinn. Den Trump war vum James Dolan, dem Besëtzer vun den New York Knicks a laangjäregen Trump-Frënd, invitéiert ginn.
Déi zwee Männer hu knapps eng Stonn virum Ufank vum Spill am Dolan senger Privatloge Plaz geholl. Och dem Trump säin Inneminister Doug Burgum an de Verkéiersminister Sean Duffy waren derbäi. D'Buen a Päifen ass lassgaangen, wéi den Trump wärend der Nationalhymn mat engem Militär-Salut gewise gouf.
Wärend der Visitt vum President goufen d'Sécherheetsmesurë ronderëm de Madison Square Garden drastesch verschäerft. Och déi traditionell Public Viewing Party virun der Hal war dowéinst ofgesot ginn.