
Den US-President Donald Trump huet e Samschdeg mat enger Ausso op senger Visitt an Irland fir Irritatioun gesuergt.
No enger Entrevue mam iresche Premierminister Michael Martin zu Dublin huet den US-President erkläert, hie géif gäre gesinn, datt den EU-Member Irland an Nordirland, dat zu Groussbritannien gehéiert, erëm ee Land géife ginn. Dat wier – Zitat Trump – "fantastesch". Déi zwee Deeler vun der irescher Insel sinn zanter méi wéi engem Joerhonnert getrennt an hunn e Joerzéngte laange bluddege Biergerkrich hannert sech. Dem Trump no géif et iergendwann souwisou eng Reunifikatioun. Da kéint dat jo och grad esou gutt elo geschéien.
Dës Ausso huet natierlech fir gréisser Opreegung an Irland an a Groussbritannien gesuergt. Ënnert dem Good-Friday-Ofkommes vun 1998 ass virgesinn, dass d'Awunner vun Nordirland an engem Referendum ofstëmme kënnen, ob si der Republik Irland ¨welle bäitrieden. De Referendum kann awer nëmmen da gemaach ginn, wann déi brittesch Regierung zur Aschätzung kënnt, dass et eng warscheinlech Majoritéit fir eng Reunifikatioun mat Irland gëtt. Doriwwer eraus missten deen Ament och d'Ire selwer sech an engem Referendum fir eng Reunifikatioun ausschwätzen. De brittesche Premier Andy Burnham hat d'leschte Mount däitlech gesot, dass esou e Referendum net a Fro kéim.