
De Kinnek Charles III. wäert en Donneschdeg, virun engem Sommet vun de wichtege Käpp aus der Welt vun der KI-Entwécklung, Garantië fuerderen, dass d'Technologie weider am Déngscht vun der Mënschheet muss bleiwen, an datt dës net d'Kontroll doriwwer verléiert. Ënnert anerem Representante vu Google DeepMind, Anthropic, OpenAI an Nvidia wäerte sech a Schottland treffen. Donieft soll och de britteschen AI-Minister Kanishka Narayan un der Reunioun deelhuelen.
Et géing net just drëms goen, d'Technologie weider z'entwéckelen, mee och sécher ze stellen, datt se weider am Service vun der Mënschheet, der Communautéit an der Natur bleift, sou den Charles. De Sommet, dee laang geheim bliwwe war, wäert am Dumfries House ofgehale ginn, an deem sech de Siège vun der King's Foundation befënnt. De Kinnek wäert déi Responsabel virun hirem Sommet gesinn an hinnen un d'Häerz leeën, am Sënn vun der Sécherheet a vun allen Natiounen ze handelen. Hie selwer wäert duerno net un den Diskussiounen deelhuelen.