D'Marine Le Pen gouf en Dënschdeg zu 45 Méint "Inéligibilité" verurteelt, dovunner 30 Méint op Sursis. Iwwreg bleiwe 15 Méint, wärend deene sech déi rietspopulistesch Politikerin net dierf fir eng Wal opstellen. Dës Strof vun der 15 Méint laanger Spär gëllt allerdéngs réckwierkend op den 31. Mäerz 2025, also dem Urteel aus der 1. Instanz an ass domadder virum éischte Walgang am Abrëll 2027 ofgelaf. Reng rechtlech ass de Wee dohier fräi fir als Presidentschaftskandidatin kënne gewielt ze ginn an d'Marine Le Pen kann domadder bei de Presidentiellen d'nächst Joer a Frankräich untrieden.
Dobäi kënnt, dass Appellsgeriicht si dozou verurteelt huet, wärend engem Joer en elektronesche Bracelet ze droen, dat nodeems eng fest Prisongsstrof an d'Droe vun dësem Apparat ëmgewandelt gouf. Ënnert anerem hat d'Cheffin vun der Extrême droite a Frankräich jo annoncéiert, dass si net wéilt als Kandidatin untrieden, wann si esou en elektronesche Bracelet misst droen. Dëst dierft awer dann de Fall sinn.
Am Kader vun dësem Prozess geet et ëm de Virworf vu systematescher Verontreiung vun EU-Gelder säitens dem Marine le Pen. Déi 57 Joer al Politikerin huet annoncéiert, och dëst Urteel virum héchsten Appellsgeriicht a Frankräich ufechten ze goen.
"Je suis candidate." Dat sot d’Marine Le Pen dunn en Dënschdeg den Owend op der franséischer Tëlee nëmmen e puer Stonnen no der Urteelsverkënnegung, a confirméiert domat, dass si d'nächst Joer bei de Presidentiellen wëll a wäert untrieden. Den 30 Joer ale Jordan Bardella, dee bei de franséische Rietspopultisten d'Nummer 2 ass a selwer op eng Kandidatur gehofft hat, muss sech deemno weider mat der Ënnerstëtzerroll zefridde ginn.
"Ech zéien dat bis zum Enn duerch", sot d'Le Pen iwwert hir Decisioun zu enger véierter Presidentschaftskandidatur.