
Um Siège vun de Vereenten Natioune stelle sech vun en Dënschdeg un déi véier Kandidate vir, déi d’Nofolleg vum Antonio Guterres als UN-Generalsekretär wëllen untrieden. Et sinn dëst déi fréier chileenesch Presidentin Michelle Bachelet, de Chef vun der Internationaler Agence fir Atomkraaft Rafael Grossi, déi fréier Vizepresidentin vu Costa Rica Rebeca Grynspan an den Ex-President vum Senegal Macky Sall.
D’Kandidate wäerte bis e Mëttwoch wärend jeeweils dräi Stonnen d’Froe vun den 193 UN-Memberlänner a vun enger Partie Netregierungsorganisatioune musse beäntwerten. Dem aktuelle Generalsekretär Guterres seng zweet, an domat lescht Amtszäit geet den 31. Dezember op en Enn.
Ville Memberlänner no wier et un der Zäit, dass déi éischt Fra op de Poste kënnt.
Bei der Decisioun iwwert dem Guterres säin Nofollger spillen déi fënnef permanent Membere vum UN-Sécherheetsrot eng zentral Roll, si kënne géint all Kandidat e Veto aleeën. Den US-Ambassadeur bei de Vereenten Natioune Mike Waltz huet schonn am Virfeld annoncéiert, dass den nächsten UN-Generalsekretär respektiv déi nächst Generalsekretärin mat den amerikanesche Wäerter an Interesse misst iwwertenee stëmmen. D’USA géifen dann och net zwéngend eng Persoun aus Latäinamerika ënnerstëtzen, och wann den nächste Generalsekretär den inoffizielle Reegelen no aus dëser Regioun misst kommen.