Ungarn gëtt seng Blockad opD'EU kann éischt Schrëtt fir d'Aleede vu Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain ënnerhuelen

AFP, iwwersat vun RTL
D'Verhandlunge fir der EU bäizetrieden daueren an der Reegel e puer Joer, heiansdo och Joerzéngten.
Fändele vun den EU-Memberlänner mam Gebai vum EU-Parlament am Hannergrond.
Fändele vun den EU-Memberlänner mam Gebai vum EU-Parlament am Hannergrond.
© MICHAEL NGUYEN/NurPhoto via AFP

D'EU huet e wichtege Schratt en Vue vun engem eventuelle Bäitrëtt vun der Ukrain a vu Moldawie gemaach. D'EU-Ambassadeure vun de Memberlänner hunn e Mëttwochowend de Prozess fir déi formell Ouverture vun den éischte Schrëtt an de Bäitrëttsverhandlunge mat béide Länner opgemaach. Dat huet déi zypriotesch EU-Rotspresidentschaft op "X" matgedeelt.

D'Ukrain a Moldawien hunn zanter 2022 den EU-Bäitrëtts-Status. Bis ewell hat déi fréier ungaresch Regierung ënnert dem Viktor Orban allerdéngs d'Aleedung vun de Schrëtt, déi fir d'Opnam vun offizielle Verhandlungen néideg sinn, blockéiert. Den neien ungaresche Regierungschef Peter Magyar huet d'Blockad elo opgehuewen. Virdrun huet hien annoncéiert, dass Ungarn an d'Ukrain eng Eenegung iwwer d'Rechter vun der ungarescher Minoritéit an der Ukrain erziilt hunn.

D'Verhandlunge fir der EU bäizetrieden daueren an der Reegel e puer Joer, heiansdo och Joerzéngten. Si sinn a sechs Bléck mat am Ganze 35 Kapitelen ënnerdeelt.

Back to Top
CIM LOGO