Méi wéi 4.000 Stéit zu Chiba an der Géigend vun der japanescher Haaptstad waren ouni Stroum. Déi japanesch Wiederagence an déi lokal Autoritéiten hunn d'Leit an der Géigend viru staarkem Reen an Äerdrutscher gewarnt.
Schonn e Sonndeg hat d'Wiederagence Alarm geschloe wéinst Rekord-Reen a staarkem Wand. D'Quantitéit u Ree kéint bis en Dënschdeg iwwert den Duerchnëttswäert fir de ganze Mount September klammen, heescht et vun der Agence.
Den Taifun louch bis zulescht nach ronn 110 Kilometer virun der Insel Hachijojima am Pazifik. Wandvitesse si bis op 144 Stonnekilometer eropgaangen. Eng Rei Flich goufen dowéinst och gestrach. Japan Airlines huet 120 Inland-Flich a 15 Auslandsflich gestrach. All Nippon Airways huet 140 Inlandsflich ofgesot. Zu Tokio an an de Regioune ronderëm sinn op e puer Plaze keng Zich gefuer.
D'Tokio Game Show, eng vun de gréisste Games-Foiren, huet een Dag éischter wéi geplangt hir Dieren zougemaach. Och ee Museksfestival an ee Baseballspill goufen ofgesot.