Trotz WafferouDen israeelesche Premier huet nei Attacke géint d’Hisbollah am Libanon annoncéiert

Annick Goerens
Et soll eng Reaktioun op eng Dronenattack op israeelesch Zaldote sinn.
© Menahem Kahana / AFP

De israeelesche Premier Netanjahu huet nei Attacke géint d'Hisbollah am Libanon annoncéiert, dat trotz enger Wafferou tëscht Israel an dem Libanon. Kuerz virun där Annonce hu wuel Hisbollah-Leit mat Dronen israeelesch Zaldoten an der Regioun Kantara am Libanon attackéiert. Donieft hätt d'Arméi do e Waffelager vun der radikalislamescher Hisbollah fonnt, mat Panzerofwierrakéiten a Kalaschnikow-Gewierer. Onofhängeg iwwerpréiwen, loosse sech dës Informatioune momentan net.

Back to Top
CIM LOGO