Iran-KrichIsrael huet an der Nuecht op Ugrëff reagéiert, nei iranesch Attacken um Méindegmoien

RTL Lëtzebuerg
Nodeems e Sonndegowend iranesch Rakéiten a Richtung Israel geflu sinn, hunn d'Israeli reagéiert. E Méindeg de Moie war iwwer israeelesche Stied nees d'Loftofwier am Asaz.
D'Iwwerreschter vun enger iranescher Rakéit, déi vun Israel ofgeschoss ginn ass
D'Iwwerreschter vun enger iranescher Rakéit, déi vun Israel ofgeschoss ginn ass
© AHMAD GHARABLI/AFP

Nei Eskalatioun am Noen Osten. Israel ass an der Nuecht nees Loftattacke geflu géint Positiounen am Iran, als Reaktioun op iranesch Rakéiten, déi e Sonndeg den Owend am israeelesche Loftraum ofgefaange gi waren. An der Haaptstad Teheran, grad esou wéi zu Tabris an Isfahan, waren Explosiounen ze héieren. Do virdru war Israel och aus dem Jemen ugegraff ginn, vu wou aus d'Huthi, déi mam Iran verbonne sinn, scho mol Attacken op Israel lancéiert haten.

Iran géint Israel - Reportage Marlène Clement

Vun Teheran heescht et, dass Israel sämtlech rout Linnen iwwerschratt hätt, andeems e Sonndeg am Libanon weider Positioune vun der Hisbollah bombardéiert gi waren. Dobäi wieren zwou Persounen ëmkomm an Dosende blesséiert ginn, huet de libaneesesche Gesondheetsministère zu Beirut confirméiert.

Wéi et heescht, hätt den US-President Trump nach e Sonndeg den Owend mam israeelesche Premier Netanjahu telefonéiert, an hie gebieden, mat Revanche-Aktiounen op den Iran ze waarden. Anerefalls wier en Deal mat Teheran aller Warscheinlechkeet no net méi dran. Iwwerdeems ginn um Méindeg de Moien nei iranesch Ugrëffer gemellt. Ënnert anerem iwwer Jerusalem wieren d'Verdeedegungssystemer an Asaz, fir iranesch Rakéiten ofzefänken, heescht et vun der Plaz. Iwwert der Stad wieren entspriechend Explosiounen ze héiere gewiescht. D'Revolutiounsgarden hu gemellt, si hätten zwou israeelesch Militärbasë getraff.

Iwwerdeems huet d'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas déi jéngst Eskalatioun kritiséiert. D'Konfliktparteie misste sech endlech un en Dësch setze fir eng Léisung ze fannen, sou d'Kallas e Méindeg de Moie bei enger Renconter vun den EU-Verdeedegungsministeren zu Nikosia.

D'Suerg ass grouss, datt déi géigesäiteg Attacken negativ Auswierkungen op d'Verhandlungen tëschent den USA an dem Iran hunn. Teheran huet zwar e Méindeg de Moie verséchert, datt d'Friddensgespréicher mat Washington ënner pakistanescher Vermëttlung solle weidergefouert ginn, et wier awer “ganz normal”, datt déi nei Ugrëffer en Impakt op d'Verhandlungen hätten, sou ee Spriecher vum iraneschen Ausseministère.

Um Pëtrolsmarché mécht sech déi Suerg schonn däitlech spierbar. De Präis fir d'Nordséi-Referenzzort Brent ass e Méindeg de Moien ëm iwwer fënnef Prozent geklommen op bal 98 Dollar de Barrel.

Back to Top
CIM LOGO