Ieweschte Geriichtshaff kippt StroftaxenTrump nennt Decisioun "enttäuschend", eng "Schan", annoncéiert nei weltwäit Stroftax vun 10%

RTL Lëtzebuerg
Dem Donald Trump seng ëmfaassend weltwäit Tariffer si vum "Supreme Court" opgehuewe ginn.
Den Donald Trump am Wäissen Haus brieft d'Press
Den Donald Trump am Wäissen Haus brieft d’Press
© MANDEL NGAN/AFP

6 vu 9 Riicher vum Surpeme Court sinn der Meenung, datt ee vun de Gesetzer, dat den US-President Trump benotzt huet, fir d’lescht Joer d’Importer aus sämtleche Länner ze taxéieren, him d’Recht dofir net gëtt.

Déi zousätzlech Tariffer op europäesche Stol oder Aluminium goufen op Basis vun engem anere Gesetz vum Trump imposéiert, esou datt déi awer Mol bestoe bleiwen.

D’Bourssen an den USA hunn awer scho Mol direkt positiv op d’Urteel vum Supreme Court reagéiert.

Trump kritiséiert Ieweschte Geriichtshaff a bleift bei Tariffer

Den US-President huet säi Briefing zu Washington ugefaangen mat der Ausso, datt hien d’Decisioun vum Supreme Court “enttäuschend” fënnt, a datt aner Länner dëst feieren, mee dat géif net laang esou bleiwen.

Hie betount, datt hie weider aner Mechanisme benotze wäert, fir seng Ziler duerchzesetzen. Stroftaxe wiere gutt fir d’US-Wirtschaft an och als Instrument vun der Aussepolitik. Den Donald Trump huet och annoncéiert, datt hien zousätzlech weltwäit 10% Stroftax géing aféieren. All aner Tariffer géinge bestoe bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO