
Den Doud an de Suizid vun enger jonker Fra vu 25 Joer a Spuenien gi ganz emotional diskutéiert. 2022 gouf si d’Affer vun enger Gruppevergewaltegung. Si wollt sech dono d’Liewen huelen, mä souz querschnëttsgeläämt am Rollstull. Op eegene Wonsch hin huet si elo eng déidlech Sprëtz kritt.
Hire Papp war mat der Demande no Euthanasie guer net averstanen an ass viru Geriicht gaangen. Mä och den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter huet a leschter Instanz seng Plainte verworf. Dat spuenescht Euthanasie-Gesetz nennt hien eng “Kultur vum Doud”. De System hätt versot, soen och vill aner Spuenier. D’Fra hätt misse besser a méi psychologesch Hëllef kréien.
D’Gesondheetsministesch argumentéiert, datt dat spuenescht Euthanasiegesetz ganz vill Sécherheeten hätt a breet vun der Gesellschaft géif gedroe ginn.