
Den US-President Donald Trump huet Teheran opgefuerdert, aacht Frae fräizeloossen, déi sollen zum Doud verurteelt sinn. Dëse Schratt wier e ganz gudde Start fir d’Verhandlungen tëscht den USA an dem Iran, sou den Trump an engem Post op sengem Social-Media-Déngscht Truth Social.
Am Trump sengem Post gesäit een eng Foto vun aacht Fraen, op där “D’islamesch Repubik Iran bereet sech drop vir, dës aacht Fraen opzehänken” steet. De Bäitrag ass ursprénglech vum pro-israeeleschen Aktivist Ejal Jakoby op X gedeelt ginn. De Bäitrag konnt bi ewell net onofhängeg iwwerpréift ginn.
D’Wafferou am Krich vun den USA an Israel géint den Iran kënnt e Mëttwoch op en Enn. D’Zweifel dorun, dass et nach virdrun zu Verhandlungen iwwert en definitiivt Enn vum Krich kënnt, ginn awer ëmmer méi staark. Iranesch Staatsmedien hunn en Dënschdeg gemellt, dass nach keng iranesch Vertrieder a Richtung Pakistan opgebrach sinn. Déi lescht Negociatiounen tëscht den USA an dem Iran zu Islamabad si jo ouni e Resultat op en Enn gaangen.