Iran, Douanestaxen an Taiwan wuel op der AgendaDen Donald Trump ass fir seng Visitt a China ukomm

RTL mat AFP
Et ass déi éischt Visitt vun engem US-President a China zanter dem Trump senger eegener China-Rees am Joer 2017.
Den Donald Trump gëtt vum chineesesche Vizepresident Han Zheng empfaangen.
© BRENDAN SMIALOWSKI/AFP

Den US-President Donald Trump ass fir seng Visitt a China zu Peking gelant. Zanter senger leschter Visitt am Joer 2017 sinn d'Relatiounen tëscht Washington a Peking däitlech ofgekillt, dat ënner anerem wéinst dem US-President senger aggressiver Zoll-Politik géigeniwwer China an aktuell och wéinst dem Iran-Krich. Béides dierft bei der Entrevue mam chineesesche Staatschef Xi Xingping um Ordre du jour stoen. Weider Sujeten dierften d'Seelen Äerden an d'US-Waffeliwwerungen un Taiwan sinn.

Scho viru sengem Depart a Richtung China en Dënschdegowend sot den Donald Trump, dass hie mam Xi Xngping e laangt Gespréich iwwert de Krich am Iran wäert féieren. China wëll jo, dass am Konflikt eng dauerhaft Friddensléisung erreecht gëtt. Bis ewell ass et dem Donald Trump awer net gelongen, en Accord mat Teheran ofzeschléissen. Eng rezent iranesch Propos fir en Ofkommes huet hien als onakzeptabel zeréckgewisen. Iwwerdeems sot hien, dass déi aktuell Wafferou wéinst de Gefechter, zu deenen et ëmmer nees an der Strooss vun Hormus kënnt, eng Iwwerliewenschance vu manner ewéi engem Prozent hätt.

China ass dann och e wichtegen Ofsazmaart fir iraneschen Ueleg a Peking dréckt deementspriechend drop, dass d'Strooss vun Hormus séier nees opgemaach gëtt.

Um Ufank vu senger zweeter Amtszäit huet den Donald Trump duerch d'Aféiere vu Stroftaxen en Handelskrich mat China lassgetrëppelt. Déi géigesäiteg Zoll-Taxe waren tëschenduerch bis op 145 Prozent geklommen. Am Oktober zejoert hate béid Säite sech um Bord vun engem Treffen a Südkorea drop gëeenegt, e Gros vun de géigesäitegen Douanestaxe falen ze loossen. Et gëtt sech erwaart, dass béid Säite sech drop eenegen, et dobäi ze beloossen.

Am Kader vum Handelssträit hat Peking Limitte fir den Export vu Seelenen Äerden an d'USA decidéiert. Dës ginn ënner anerem fir d'Produktioun vun Akkuen, Halbleiter oder Elektromotoe gebraucht. Deemno gëtt dovun ausgaangen, dass den Donald Trump och dee Punkt wäert uschwätzen.

Op Verlaange vum Xi Xingping wäert och iwwert d'US-Waffeliwwerungen un Taiwan geschwat ginn. Am Dezember zejoert haten d'USA e Rüstungsvertrag iwwer eelef Milliarden Dollar mat Taiwan ënnerschriwwen.

Nëmmen e puer Stonne virum Donald Trump senger Arrivée zu Peking haten taiwaneesesch Zaldoten am Kader vun engem Militärdrill vun der Insel Kinmen, déi nëmmen e puer Kilometer virun der chineesescher Küst läit, Rakéiten aus amerikanescher Produktioun an d'Mier geschoss.

Am Virfeld vum Donald Trump senger Visitt a China
Taiwan demonstréiert op der Insel Kinmen militäresch Stäerkt.

Back to Top
CIM LOGO