"Glasfasermord" vu Schmelz am SaarlandDéi liewenslaang Prisongsstrofe géint véier Täter sinn elo rechtskräfteg

AFP, iwwersat vun RTL
Déi véier Täter, déi e Mann am Mäerz 2023 extrem brutal an hannerhälteg ëmbruecht hunn, mussen alleguerte liewenslänglech an de Prisong. Dat confirméiert och elo de BGH nach eemol.
© ULI DECK/dpa Picture-Alliance via AFP

No engem Mord vun engem Viraarbechter, deen Deel vun enger Ekipp vu Glasfaser-Monteure am Saarland an Däitschland war, ass d’Urteel géint d’Täter, déi och Deel vun der Ekipp waren, elo rechtskräfteg. De BGH, also den däitsche Bundesgerichtshof zu Karlsruhe, huet d’Urteel vun der liewenslaanger Prisongsstrof confirméiert. D’Landgericht zu Saarbrécken hat a sengem Urteel am Februar 2025 och déi besonnesch Gravitéit vun der Schold bei de véier verurteelte Männer festgestallt, eppes dat de BGH och esou gesäit. Eng virzäiteg Entloossung aus dem Prisong ass domadder praktesch onméiglech.

Wéi d’Landgericht festgestallt huet, haten déi véier Männer hire Viraarbechter am Mäerz 2023 an enger Wunneng zu Schmelz am Saarland ëmbruecht. De 37 Joer ale Mann, d’Affer vun der Dot, koum aus Hessen a war berufflech am Saarland dee Moment.

D’Täter hunn hien, dem Urteel no, ënnert engem Virwand an d’Wunneng gelackelt. Dunn hunn d’Täter d’Affer ënnert anerem gefesselt a geschloen. Den Doud vum Mann hätte si dobäi komplett a Kaf geholl. Dono hätte se de Mann, deen um Stierwe louch, raséiert, beleidegt an op en urinéiert... dat alles, wärend deem si sech géigesäiteg gefilmt hunn, sou d’Landgericht weider. D’Affer am Alter vu 37 Joer ass u senge Blessure gestuerwen.

Nëmmen e puer Deeg no der Dot goufen dräi vun de véier Täter a Frankräich festgeholl. De véierten Täter gouf e puer Wochen drop an Däitschland gestoppt. De Prozess géint d’Männer huet am Oktober 2024 zu Saarbrécken ugefaangen. Dono wollt een d’Urteel beim BGH iwwerpréiwe loossen, allerdéngs konnten hei keng Prozedur-Feeler festgestallt ginn an ass domadder elo rechtskräfteg. Wéinst dem Beruff vun Täter an Affer gëtt d’Dot och nach dacks “Glasfasermord” genannt.

Back to Top
CIM LOGO