Ugespaante Relatiounen am MomentDéi brittesch Kinnekskoppel ass dës Woch op Staatsvisitt an den USA

RTL Lëtzebuerg
Den Ament sinn déi englesch-amerikanesch Relatioune jo bekanntlech net déi bescht.
US President Donald Trump (R) and Britain's King Charles III inspect a guard of honour during a ceremonial welcome in the Quadrangle at Windsor Castle in Windsor on September 17, 2025, during the US president's second state visit.
US President Donald Trump (R) and Britain's King Charles III inspect a guard of honour during a ceremonial welcome in the Quadrangle at Windsor Castle in Windsor on September 17, 2025, during the US president's second state visit.
© KIRSTY WIGGLESWORTH/AFP

De brittesche Kinnek Charles an d'Kinnigin Camilla sinn dës Woch op Staatsvisitt an den USA, dat am Kader vum 250. Anniversaire vun der amerikanescher Onofhängegkeetserklärung. Nieft enger Entrevue mam US-President Donald Trump am Wäissen Haus an engem offiziellen Iessen, wäert de Kinnek Charles och eng Ried am Kongress halen.

Den Ament sinn déi englesch-amerikanesch Relatioun net déi bescht, den Trump reprochéiert Groussbritannien virun allem, datt si d'USA net genuch am Iran-Krich ënnerstëtzten. Dobäi kënnt de Skandal ëm den Jeffrey Epstein a seng Bezéiunge mam Kinnek Charles sengem Brudder Andrew, Punkten déi wuel och en negativen Impakt op de Besuch wäerten hunn.

No Washington reest déi kinneklech Koppel iwwregens nach op New York an a Virginia.

Nodeems de Besuch an den USA wéinst Schëss wärend engem Evenement mam Donald Trump zu Washington temporär op der Kipp stoung, huet de Buckingham-Palast e Sonndeg den Owend awer confirméiert, dass d'Entrevue wäert wéi geplangt oflafen.

Back to Top
CIM LOGO