Donald TrumpDeal mam Iran ass eng "Victoire" fir d'USA

RTL mat AFP
En Donneschdeg ass den US-President op den Deal, deen ee mam Iran fonnt huet, agaangen.
Dem US-President Donald Trump ass déi kubanesch Regierung scho laang en Dar am A.
Dem US-President Donald Trump bei engem Briefing am Wäissen Haus.
© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

Den US-President huet den Deal mam Iran als "Victoire" fir d'Vereenegt Staate bezeechent an huet d'Kritik, déi ëmmer méi haart ginn ass an och aus den eegene Reie koum, net gëlle gelooss.

"Et ginn net 300 Milliarden Dollar vun den USA un den Iran iwwerwisen. Dat si Fake News. Fir d'USA ginn et just Succès, méi niddreg Pëtrolspräisser an d'Victoire. Kuckt Iech d'Bourse un." A sengem Post op Truth Social huet hien all de Recht als "Dumocrat Propaganda" bezeechent. Den US-President nennt zanter e puer Wochen d'Politiker vun der Géigepartei "Dumocrats" amplaz "Democrats" wat esou vill wéi "Dämlechokraten" amplaz "Demokraten" heescht.

Back to Top
CIM LOGO