No de Walen a SchwedenDe Regierungschef Ulf Kristersson huet säi Récktrëtt annoncéiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf dat virleefegt Resultat vun de Parlamentswalen vum Weekend annoncéiert.
De Regierungschef Ulf Kristersson iert e Ministerpresident a Schwede gouf.
© AFP

Deemno huet déi vun de Sozialdemokrate gefouert Oppositioun d'Wale mat enger knapper Majoritéit gewonnen. D'Course war esou enk, datt huet misse gewaart ginn, bis en Donneschdeg och d'Bréifwal-Stëmmen all ausgezielt waren, fir e virleefegt Resultat ze hunn.

Déi 4 Parteien, déi d'Sozialdemokratin Magdalena Andersson als Regierungscheffin ënnerstëtzen, hunn eng Majoritéit vun 3 Sëtz. Ma et ass trotzdeem nach net kloer, wéi eng zukünfteg Regierung kéint ausgesinn. Well och déi 4 Gewënnerparteie sech net eens genuch sinn, fir mateneen eng Regierung ze forméieren.

Back to Top
CIM LOGO