
Am Ranking läit Sachsen viru Bayern an Hamburg, wärend Bremen weider dat lescht Bundesland ass.
Besonnesch bei der Schoulqualitéit, der Bildungsaarmut an de Bildungschancë goufen zanter 2013 däitlech Verschlechterunge festgestallt.
18,8 Prozent vun de jonken Erwuessenen tëscht 18 a 24 Joer hunn deemno keen offiziellen Ofschloss. Dat erhéicht de Risiko fir Aarmut a Chômage. Och hänkt de Bildungserfolleg nach ëmmer staark vun der sozialer Origine of.
Positiv ass der Etüd no, datt jonk Leit haut méi Chancen op e Bildungsopstig hunn, zum Beispill duerch ee Studium op enger Héichschoul. Am Ganze kënnt Däitschland dëst Joer op 46,2 Punkten – 2,9 Punkte manner wéi nach 2013.
D’INSM schwätzt vun engem "Aarmutszeugnis" fir den däitsche Standuert.