Reproche vu sexuellem IwwergrëffD'australesch Police ermëttelt géint d'Katy Perry

AFP, iwwersat vun RTL
D'US-Sängerin huet d'Reprochë schonn an enger Erklärung zeréckgewisen.
© MICHAEL TRAN / AFP

D’australesch Police enquêtéiert no Reprochë vun der Schauspillerin Ruby Rose géint d’amerikanesch Pop-Sängerin Katy Perry. Dat wéinst engem presuméierte sexuellen Iwwergrëff, zu deem et am Joer 2010 zu Melbourne komm wier.

Wéi et vun der australescher Police heescht, wier et, wéinst der lafender Enquête, net ubruecht, Detailer iwwert de Fall ëffentlech ze kommunizéieren. D’Katy Perry selwer huet d’Virwërf an enger Erklärung am Magazin “Variety” zeréckgewisen. Wéi et an dëser heescht, wieren d’Reprochen, déi vum Ruby Rose an de soziale Medie verbreet ginn, net nëmme komplett falsch, ma et géif sech ëm geféierlech a récksiichtslos Ligen handelen. Iwwerdeems huet d’Perry an der Erklärung betount, dass d’Rose ëmmer nees Leit an de soziale Medie géif beschëllegen, ma dës Uschëllegunge géife vun deene Betraffenen ëmmer rëm zeréckgewise ginn. Dëst Verhale vun der Schauspillerin wier gutt dokumentéiert.

Back to Top
CIM LOGO