AlbanienDausende Leit demonstréiere géint Bau vu Luxushotel an Naturschutzgebitt

RTL Lëtzebuerg
Zanter zwou Woche scho ginn d'Leit wéinst dem Projet op d'Strooss.
Dausende Leit zu Tirana u Protest bedeelegt
Dausende Leit zu Tirana u Protest bedeelegt
© VLASOV SULAJ/NurPhoto via AFP

An der albanescher Haaptstad Tirana hunn e Samschdeg den Owend op en Neits Dausende Leit géint de Bau vun engem Luxushotel an engem Naturschutzgebitt demonstréiert. De Komplex soll un der Küst an engem Gebitt gebaut ginn, dat eng wichteg Plaz fir Zuchvillercher a Flamingoen ass.

D'Protester dauere schonn 2 Wochen. De Bauprojet gëtt och mam Schwoer vum US-President Trump, dem Jared Kushner, a Verbindung bruecht.

Back to Top
CIM LOGO