
Däitschland mécht Moskau responsabel fir d'Dron mat Sprengstoff, déi Ufank August um Fluchhafen zu Leipzig fonnt ginn ass. Den däitschen Inneminister Dobrindt an den Ausseminister Wadephul sinn en Dënschdegmëtteg zesumme mat Detailer virun d'Press getrueden.
D'Resultater aus den Ermëttlunge géingen op eng russesch Verantwortung fir déi versichten Attack um Flughafe hiweisen, esou den Alexander Dobrindt. Et géif een dat, wat zu Leipig passéiert ass, och net als eenzelt Evenement, mee am Zesummewierke mat aneren hybriden Aktioune gesinn, sou den däitschen Inneminister, deen dann och dovun ausgeet, dass Däitschland och an d'Zukunft d'Zil vun hybriden Attacken aus Russland wäert ginn.
Den Ausseminister Wadephul huet nei Sanktioune géint Russland annoncéiert. Esou wäert dat russescht Generalkonsulat zu Bonn op den Datum vum 18. September zougemaach ginn. Ausserdeem gëtt de Vertrag vum "Russischen Haus" zu Berlin – engem Zenter fir russesch Kultur, dee vun der russescher Staatsagence Rossotrudnitschestwo geréiert gëtt – auslafe gelooss an d'Kontrolle bei der Arees solle fir russesch Staatsbierger nach eng Kéier verschäerft ginn.
Wéi den Ausseminister Wadephul um informellen Meeting vun den EU Ausseministeren an Irland sot, hätt Russland d'Situatioun eskaléieren gelooss a misst lo d'Konsequenzen droen. Och dierft d'EU sech net weider sou schwéier doen an op weltpolitescher Bün agéieren, esou sou den CDU-Ausseminister, deen dobäi de Lëtzebuerger Éierestaatsminister Jean-Claude Juncker zitéiert huet, andeems en e Majoritéits-Vott gefuerdert huet. Op der Reunioun vun den EU-Ausseminister an Irland kéint deemno ewell decidéiert ginn, weider russesch Persounen op d'Sanktiounslëschten ze setzen. Lëtzebuerg ass an Irland duerch de Xavier Bettel vertrueden.
Schliisslech soll och den Drock op déi sougenannte russesch "Schatten-Flott" erhéicht ginn an Däitschland wëll sech och fir weider Sanktioune géint Russland op EU-Niveau asetzen. Am Laf vum Dënschdegowend huet déi russesch Ambassade zu Berlin verlaude gelooss, dass "déi däitsch Sanktiounen net ouni Konsequenze géinge bleiwen".
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet en Dënschdeg den Owend dann och op d'Pressekonferenz reagéiert. An engem Post op der Onlineplattform X heescht et, Lëtzebuerg géing "a voller Solidaritéit mat engem Noper, EU-Partner an NATO-Alliéierten Däitschland" stoen. Den Incident um Leipziger Flughafe wier "e weidert Beispill fir den hybride Krich vu Russland géint Europa an d'Wäerter, fir déi et stoe géing". Déi europäesch Unitéit an Ënnerstëtzung fir d'Ukrain géingen nëmme gestäerkt ginn, sou nach de Luc Frieden.