Géint Frankräich an Italien duerchgesatDäitschen Astronaut wäert als éischten Europäer op de Mound fléien

AFP, iwwersat vun RTL
Däitschland huet sech géint Frankräich an Italien duerchgesat a wäert bei der éischter Mound-Missioun zanter engem hallwe Joerhonnert en Astronaut mat op den Äerdtrabant schécken.
Deutschland soll nach den Worten von Bundesforschungsministerin Dorothee Bär den ersten europäischen Astronauten zum Mond zu schicken. In Verhandlungen mit der Europäischen Weltraumorganisation ESA habe sich die Bundesrepublik gegen Ansprüche aus Frankreich und Italien durchgesetzt, sagte Bär.
Fir déi éischt Mound-Missioun zanter engem hallwe Joerhonnert wäert en Däitschen als éischten europäeschen Astronaut mat fléien.
© AFP/Archiv

Däitschland wäert den éischten europäeschen Astronaut op de Mound schécken. A Verhandlunge mat der Europäescher Weltraumorganisatioun ESA huet sech d’Bundesrepublik géint Frankräich an Italien duerchgesat, wéi déi däitsch Fuerschungsministesch Dorothee Bär an engem Podcast mam Noriichtemagazin “Politico” e Samschdeg sot. Net gewosst wier, ob den Astronaut Alexander Gerst oder säi Kolleeg Matthias Maurer d’Missioun fléie wäert.

“Eis ass et gelongen, datt den éischten Europäer, deen op de Mound fléie wäert, en Däitsche wäert sinn”, sot d’Bär. An de Verhandlunge mat der ESA wier dëst “wierklech eng haart Aarbecht” gewiescht, “well Frankräich an Italien och Usproch erhuewen haten”. Mat Bléck op den Zäitplang fir esou eng Moundmissioun, sot d’Bär, datt aktuell d’Joer 2028 realistesch schénge géing.

D’US-Raumfaartagence Nasa plangt fir d’Joer 2028 eng éischte Kéier zanter engem hallwe Joerhonnert nees eng bemannt Landung um Äerdtrabant. Fir d’lescht waren US-Astronauten 1972 mat der Apollo 17 um Mound gelant. Viru Kuerzem waren dräi US-Astronauten an ee Kanadier als Preparatioun fir d’Mound-Missioun erfollegräich ronderëm den Äerdtrabant geflunn.

Back to Top
CIM LOGO