
An Däitschland huet de Verkéiersminister Steffen Bilger elo kuerzfristeg Hëllefsmesurë wéinst dem nidderege Waasser a ville Flëss annoncéiert. Zil wier et, d'Liwwerketten um Rhäin, der Donau an der Elbe trotz de schwierege Bedingungen oprechtzeerhalen. Dofir soll verstäerkt kuerzfristeg op de Camions- an den Zuchtrafic gesat ginn, well vill Schëffer aktuell net méi oder just nach limitéiert kënne fueren.
Quasi duerch ganz Europa bestëmmt weiderhin d'Hëtzt eist Klima. Op ville Plazen ass et jo sou dréchen wéi seelen virdrun an op anere ginn Rekorder um Thermometer gebrach.
Esou elo och am Mier viru Mallorca. Op enger Miess-Boje virun der Westküst goufen en Donneschdeg 33,02 Grad Celsius Waassertemperatur gemooss. Dat ass den héchste Wäert, dee jeemools am spuenesche Mier iergendwou registréiert ginn ass.
Am westleche Mëttelmier ass d'Waasser aktuell gutt 4 Grad méi waarm wéi an der laangjäreger Moyenne.