
De Mann war als Passagéier an engem Ford-Transporter aus Lëtzebuerg an Däitschland agereest.
De Mann war am September 2025 wéinst engem Verkéiersdelikt zu enger Geldstrof vu 7.080 Euro verurteelt ginn. Bei enger Kontroll hunn d’Beamten eng kleng Quantitéit Amphetamin verstoppt a sengem Kalzong fonnt.
Well hien d’Geldstrof net bezuele konnt, gouf hien an e Prisong ageliwwert, wou hien 59 Deeg muss verbéissen.