
D'Christa Pike ass "rosen an duercherneen" am Spidol erwächt. Wéi si fir d'éischt nees bei Bewosstsinn war, huet si gefrot: "Wou sinn ech a wie sidd Dir?" Zanterhier huet si weider Froe gestallt, ënner anerem iwwer d'Famill vun der Fra, déi si 1996 ëmbruecht hat, d'Colleen Slemmer.
Déi 50 Joer al Fra gëtt weider an engem Spidol an der Géigend vun Nashville intensiv behandelt. Hir Prognos ass nach ongewëss, d'Affekote rechnen awer mat enger laanger Erhuelungszäit.
Bei der Hiriichtung waren hir zwou Dose vum Narkosemëttel Pentobarbital gesprëtzt ginn. Trotzdeem ass d'Pike net gestuerwen.
D'Affekote fuerderen elo, d'Doudesstrof an eng liewenslaang Prisongsstrof ouni Méiglechkeet op virzäiteg Entloossung ëmzewandelen.
Dernieft soll de Staat Tennessee all Beweiser am Zesummenhang mat der Hiriichtung vun der leschter Woch kënne virweisen. Dës Demande kéint d'Basis vun enger zukünfteger Plainte géint den US-Staat sinn. D'Affekote wëllen domat och d'Ëmstänn vun der Exekutioun ënnersiche loossen.
D'Pike war 1996 wéinst dem Mord un der deemools 19 Joer aler Colleen Slemmer zum Doud verurteelt ginn.