
D'Autoritéiten hunn eng grouss Rettungsaktioun lancéiert. Bei enger gréisserer Explosioun an enger Fabrick fir Freedefeier zu Liuyang a China sinn e Méindeg offiziellen Donnéeën no op d'mannst 21 Leit gestuerwen, 61 weider Persoune goufe blesséiert. D'Autoritéiten hu 480 Sekuristen op d'Plaz geschéckt an et gouf eng Kontrollzon vun dräi Kilometer ageriicht, fir d'Sécherheet vun den Awunner ze garantéieren.
Biller a Videoen a sozialen Netzwierker weisen, wéi gewalteg d'Explosioun an d'Dampwollek waren. Op Dronenopnamen huet een och d'Ausmooss vum Schued gesinn: iwwerall Gestécks a Secouristen, déi mat Baggeren d'Gebitt duerchsichen.
D'Police huet de Virstand vun der Fabrick festgeholl an d'Ermëttlungen opgeholl. Dem staatleche Sender CCTV no huet de chineesesche President Xi Jinping "vollen Asaz" bei der Hëllef an der Sich no Vermësste gefuerdert. Hien huet och verlaangt, datt déi Verantwortlech zur Rechenschaft gezu ginn.
Liuyang produzéiert ongeféier 60 Prozent vum Freedefeier, dat am Land verkaf gëtt, a 70 Prozent vun deem, wat exportéiert gëtt. Domadder ass d'Stad an der Provënz Hunan den Haaptstanduert fir d'Produktioun vu Freedefeier a China.
Leider sinn esou Accidenter net seelen, well d'Sécherheetsnormen an de Betriber dacks net agehale ginn. Am leschte Joer huet eng Explosioun an enger Fabrick fir Freedefeier an der selwechter Provënz schonn néng Leit d'Liewe kascht. Weider Explosioune mat Doudesaffer gouf et am Februar an de Provënzen Hubei a Jiangsu, wou insgesamt 12, respektiv aacht Persounen ëm d'Liewe koumen.