
Hie wier duerno bei den Ermëttlungskommitee zu Moskau bruecht ginn.
De Kontakt mam Sokolow wier der Zeitung no géint d'Mëttesstonn ofgebrach, kuerz ier eng Redaktiounskonferenz hätt missen ugoen, déi de Sokolow leede sollt. En Affekot wier um Wee bei hien. Der Journalistenorganisatioun Reporter ouni Grenzen no war de Sokolow schonn 2024 wéinst "Diskreditéierung vun der Arméi" festgeholl ginn.
Dëst Kéier war de Sokolow awer just kuerz vun de russeschen Autoritéite festgehale ginn. Wéi d'Zeitung selwer op Telegram matdeelt, wier hire Chef als Zeie verhéiert ginn a wier dono nees op fräie Fouss an zeréck an d'Redaktioun komm. Hie wier am Kader vun den Ermëttlunge géint ee vun hire Journalisten, den Oleg Roldugin, verhéiert ginn. Dem Roldugin gëtt virgehäit, datt hien illegal Informatioune mat Daten, déi sech op Persoune bezunn huet, gesammelt a verbreet huet. Hie kéint dofir sechs Joer Prisong kréien. Den Roldugin huet iwwer Korruptioun an den héchste russesche Kreesser geschriwwen.
"D'Nowaja Gazeta" war wärend ville Joren déi wichtegst onofhängeg Zeitung a Russland. Wéinst hirer Recherche a kritescher Couverture zur Mënscherechtssituatioun a Russland stoung se laang ënner Drock. Zanter dem Joer 2000 si fënnef vun hire Journaliste vun Onbekannten ermort ginn. Nom russeschen Ugrëff géint d'Ukrain an der Aféierung vun der militärescher Zensur huet d'Nowaja Gazeta hir Produktioun am Land selwer gestoppt. Am Internet existéiert se awer weider. Vun de russeschen Autoritéite gëtt se als sougenannten "auslänneschen Agent" klasséiert.