
D’British Broadcasting Corporation (BBC) wëll an deenen nächsten dräi Joer massiv Käschte reduzéieren a plangt dowéinst, eng 2.000 Plazen ze sträichen, wat engem Ofbau vu ronn 10% vum kompletten Effektiv entsprécht. Et wier dee gréisste Plazenofbau bei der BBC zanter knapp 15 Joer.
Wéi verschidde brittesch Medie mellen, wieren d’Employéeën e Mëttwoch iwwert déi geplangte Mesuren informéiert ginn, d’BBC selwer hätt allerdéngs bis ewell nach näischt no baussen hi kommunizéiert, respektiv confirméiert.
D’Medienhaus befënnt sech den Ament an enger turbulenter Zäit, dat nodeems ënner anerem den Direkter Tim Davies vu sengem Posten demissionéiert huet, als Suite vu Reprochen, et hätt een an engem Documentaire Aussoe vum US-President Trump verfälscht, respektiv aus dem Kontext gerappt. Den 18. Mee soll de fréiere Google-Chef Matt Brittin d’Successioun vum Davies bei der BBC iwwerhuelen.
Nieft dem Plazenofbau sollen och verschidde Sendungen a Programmer vun der Käschtereduktioun betraff sinn a méiglecherweis verschwannen.