Keir Starmer ënner DrockBrittesch Medie gi vu Récktrëtt um Méindeg aus

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 100 Labour-Deputéiert, dat ass ronn e Véierel vun der Fraktioun, hunn ëffentlech de Récktrëtt vum Starmer gefrot.
De brittesche Premier ass mat historesch schlechte Sonndage-Wäerter konfrontéiert
© PETER MACDIARMID/AFP

A Groussbritannien ginn esouwuel d'Zeitung "The Observer", wéi och "The Telegraph" dovunner aus, datt den ugeschloene brittesche Premier Keir Starmer e Méindeg zrécktrëtt. De Regierungschef wier no Gespréicher mat Ministeren, Beroder a Gewerkschaftler zur Conclusioun komm, datt hien net méi op 10 Downing Street ze hale wier, huet "The Observer" e Samschdegowend geschriwwen. E Regierungsvertrieder huet d'Meldung allerdéngs zréckgewisen an erkläert, de Premier géif sech op seng Aarbecht konzentréieren.

Iwwer 100 Labour-Deputéiert, dat ass ronn e Véierel vun der Fraktioun, hunn ëffentlech de Récktrëtt vum Starmer gefrot. D'Partei - a besonnesch eben de Partei- a Regierungschef Keir Starmer - stinn no battere Verloschter bei de Kommunalwalen, Récktrëtter vu wichtege Ministeren wéinst dem Féierungsstil vum Premier an historesch schlechte Sondagewäerter fatzeg ënner Drock. E Freideg hat de parteiinterne Konkurrent vum Starmer, den Andy Burnham vu Manchester e Sëtz am Parlament gewonnen. Dat erlaabt et dem Politiker, elo eng formell Kandidatur ze stellen, fir neie Parteichef ze ginn.

Back to Top
CIM LOGO