
Zur bluddeger Dot koum et am fréie Mëttwochnomëtteg um Campus vun der Docemus-Privatschoul am brandenburgesche Gosen-Neu Zittau. Wéi lokal Medie mellen, gouf d'Police géint 13:45 Auer op de Site geruff. Do virdru wier e puer Mol den Noutruff alarméiert ginn.
Vill Detailer, wéi de Virfall sech ofgespillt huet, sinn nach net gewosst. Wéi d'Police zu Frankfurt confirméiert huet, ass et eng Bezéiungsdot. Beim presuméierten Täter vun 19 Joer handelt et sech ëm den Ex-Frënd vun enger 18 Joer aler Schülerin, engem vun den Affer. Dat anert Doudesaffer, e Portier vun 30 Joer, soll versicht hunn, d'Dot ze verhënneren.
Den 19 Joer Jonke gouf festgeholl.