Libanesesch AutoritéitenBis ewell schonn 2.454 Doudeger duerch Konflikt tëscht Israel an der Hisbollah

AFP, iwwersat vun RTL
Trotz der Wafferou, déi e Freideg a Kraaft getrueden ass, kënnt et ëmmer nees vu béide Krichsparteien zu Attacken.
Israeelesch Attacken op Kfar Tibnit den 3. Mäerz 2026.
© Photo by RABIH DAHER / AFP

Duerch d’Kämpf tëscht der israeelescher Arméi an der pro-iranescher Hisbollah-Miliz am Libanon sinn neie libaneseschen Zuelen no zanter Ufank Mäerz 2.454 Mënschen ëm d’Liewe komm. 7.658 weiderer goufe blesséiert, esou de Katastropheschutz vun den zoustännegen Autoritéiten.

E Freideg war eng Wafferou vun zéng Deeg a Kraaft getrueden. An awer kënnt et ëmmer nees vu béide Säiten zu Attacken. De Libanon war Ufank Mäerz an den Iran-Krich mat eragezu ginn. Deemools hat d’Hisbollah als Reaktioun op den Doud vum ieweschten iranesche Führer Ayatollah Ali Chamenei Rakéiten op Israel geschoss. An der Suitte huet Israel verschidden Ziler am Libanon ugegraff an huet och Buedemtruppen iwwer d’Grenz geschéckt.

Back to Top
CIM LOGO