Op d'mannst 600 Gebaier zerstéiertBëschbränn suerge fir uerg Schied an der US-Stad Spokane

AFP, iwwersat vun RTL
Fir eng Partie Quartieren am Norde vun der Stad gouf schonn e Samschdegowend den héchsten Niveau vun der Evakuéierung ausgeruff.
Bëschbränn suerge fir uerg Schied an der US-Stad Spokane
Engem éischte Bilan no wieren op d'mannst 600 Gebaier zerstéiert ginn.

Am Bundesstaat Washington an Nordweste vun den USA hu schwéier Bëschbränn fir uerg Schied an der 230.000-Awunner-Stad Spokane gesuergt. Dausende Mënschen hu misse flüchten, honnerte Gebaier a Gefierer goufen zerstéiert. Der Buergermeeschtesch Lisa Brown no wier et onkloer, ob et Doudeger ginn. Vum Sheriff John Nowels huet et an engem éischte Statement geheescht, dass bis ewell weder Doudesaffer nach Blesséierter gemellt gi wieren. Ma well eng genee Iwwerpréiwung vun der Situatioun schwéier wier, esoulaang d'Feier nach amgaangen ass, kéint dat sech nach änneren.

Am Ganze sinn dräi gréisser Feier an der Stad ausgebrach. Op verschiddene Biller, déi de lokale Fernseesender KXLY op X verëffentlecht huet, si Quartieren ze gesinn, an deene vun den Haiser nëmmen nach de Kamäin iwwereg ass. Engem éischte Bilan no wiere 600 Gebaier zerstéiert ginn. Der nationaler Noriichtechaîne CNN no wieren op d'mannst 2.180 Hektar Fläch betraff.

Fir eng Partie Quartieren am Norde vun der Stad gouf schonn e Samschdegowend den héchsten Niveau vun der Evakuéierung ausgeruff. De Gouverneur vu Washington Bob Ferguson huet opgrond vun enger uerger Bëschbrand-Saison den Noutstand ausgeruff. Am ganze Bundesstaat brennen aktuell 15 Feier. Washington erlieft den Ament fir de véierte Summer um Stéck Dréchenten.

Back to Top
CIM LOGO