"Schwéiere Coup fir shadow fleet"Belsch saiséiert russesche Pëtrolstanker

AFP, iwwersat vun RTL
An der Nuecht op e Sonndeg hu belsch Spezialunitéite wärend enger Operatioun an der Nordsee e russescht Schëff ofgefaangen a saiséiert.
De Pëtrolstanker "Ethera" vun der russescher "shadow fleet" zu Zeebrugge, deen den 1. Mäerz 2026 saiséiert gouf.
De Pëtrolstanker “Ethera” vun der russescher “shadow fleet” zu Zeebrugge, deen den 1. Mäerz 2026 saiséiert gouf.
© NICOLAS MAETERLINCK/AFP

Belsch Spezialunitéiten hunn e Pëtrolstanker vun der russescher “shadow fleet”, iwwersat der “Schiet-Flott”, saiséiert, mat deem Russland déi westlech Sanktioune wéinst dem Krich an der Ukrain ëmgeet, heescht et Sonndeg vun der belscher Regierung.

Den Ausseminister Maxime Prevot sot, d’Schëff wier wärend enger Operatioun an der Nuecht an der Nordsee ofgefaange ginn. Op X seet de Prevot de belsche Spezialunitéite Merci fir hir “aussergewéinlech Professionalitéit an hire Courage”.

De belsche Verdeedegungsminister Theo Francken sot, den Tanker géing bei den “Hafe vu Zeebrügge eskortéiert ginn, wou e saiséiert gëtt”. De Parquet huet d’Schëff, dat um Wee zréck a Russland gewiescht soll sinn, iwwerdeem als d’"Ethera” identifizéiert. Den Tanker ass ënner guineeëschem Fändel gefuer. Eng Inspektioun u Bord hätt awer de Verdacht confirméiert, datt en ënner falschem Fändel gefuer ass. “Et goufe Schëffsdokumenter fonnt, déi wuel gefälscht sinn”, huet de Parquet erkläert a betount, datt d’Autoritéiten eng strofrechtlech Enquête lancéiert hunn. “Wann e Schëff ënner falschem Fändel fiert, bedeit dat, datt et géing e puer international Virschrëfte verstéiss”, esou de Parquet weider.

De franséische President Macron huet op X confirméiert, datt franséisch Truppe bei der Operatioun gehollef hätten an huet si als “schwéiere Coup” fir déi sougenannt “shadow fleet” vu Russland genannt.

Déi belsch Autoritéiten hunn eegenen Aussoen no hënt ee russesche Pëtrolstanker saiséiert. Dat mat der Hëllef vu Frankräich, wéi de belsche Verdeedegungsminister Theo Francken de Moien op der Online-Plattform X matdeelt. De Pëtrolstanker wier an der Géigend vu Zeebrugge gestoppt ginn.
Eng Confirmatioun vu Frankräich steet nach aus.

Russland huet eng Flott vun Tanker agesat, déi scho méi al sinn a bei deenen net direkt erauszefannen ass, wie Proprietär ass, fir d’Sanktioune fir säi lukrative Pëtrolsexport ze ëmgoen.

Back to Top
CIM LOGO