
Op de Malediven si véier Italieener beim Dauchen ëm d'Liewe komm. De fënneften Doudesfall ass e malediveschen Daucher vum Militär. Dat huet d'Militär matgedeelt. Wéi et an enger offizieller Matdeelung heescht, hätt d'maledivescht Militär eng Sichaktioun duerchgefouert, fir véier Daucher ze fannen, déi beim Dauchen am Vaavu-Atoll vermësst géinge ginn. Dobäi wier een Zaldot ëm d'Liewe komm. Bei der Sichaktioun goufe bis ewell och nach Fligeren a Schnellbooter agesat.
Aus Italien hat et e Freideg geheescht, datt fënnef Italieener ëm d'Liewe komm wieren. D'maledivesch Autoritéite schwätze vu véier Daucher. Si wollten Ënnerwaasser-Hielen erfuerschen, an enger Déift vu ronn 50 Meter, dat hat den italieeneschen Ausseministère matgedeelt. Wéi et du genee zu hirem Doud koum, ass bis ewell nach net confirméiert. D'Autoritéiten op de Malediven stéingen awer an enkem Kontakt mat deenen Italieeneschen.
Italieenesch Medien haten e Freideg gemellt, datt déi verongléckt Daucher véier Mataarbechter oder Studente vun der Universitéit Genua waren. Wéi et vun der Uni heescht, géing een ëm eng Unis-Proff, hir Duechter, déi op der Uni studéiert, eng weider Dozentin an e weidere Student, dee kierzlech säi Studium ofgeschloss hätt, traueren.
Wéi d'Sécherheetsautoritéiten op de Malediven matgedeelt hunn, goufen d'Italieener als vermësst gemellt, nodeems si net vun engem Dauch-Ausfluch a grousser Déift am Vaavu‑Atoll, südlech vun der Haaptstad Malé, zeréckkomm sinn.