
Eng Schlaange-Show an engem Hotel zu Hurghada an Ägypten ass fir e Mann aus Bayern déidlech ausgaangen. De 57 Joer ale Mann war Ufank Abrëll zesumme mat dräi Familljememberen an d'Virféierung vun engem sougenannte "Schlangenbeschwörer", wéi d'Police vu Kempten e Méindeg matgedeelt huet.
Wärend der Show kruten Touristen ënner anerem zwou Schlaangen – méiglecherweis Kobraen – ëm den Hals geluecht. Eng vun dësen huet de Schlaangen-Artist an d'Box vum Affer erakrauche gelooss.
Dobäi huet d'Schlaang de Mann an d'Bee gebass. Informatioune vun der Police no huet de Mann dono däitlech Zeeche vun enger Vergëftung gewisen an huet wéinst engem Häerz-Kreeslaf-Stëllstand musse reaniméiert ginn.
De Mann aus Bayern gouf an e Spidol bruecht, wou hie spéider gestuerwen ass.
De Parquet an d'Police vu Memmingen hunn Ermëttlungen zu den Ëmstänn vum Doud opgeholl. D'Resultater vun enger toxikologescher Ënnersichung stinn nach aus.