De 17. Januar, also dëse Weekend, soll no 25 Joer Verhandlungen de Mercusor-Accord ënnerschriwwe ginn. D’Fräihandelsofkommes tëscht der EU an de Mercosur-Staate Brasilien, Argentinien, Paraguay an Uruguay gesäit en Gros d’Ewechfale vu villen Taxe vir. D’EU-Kommissioun erhofft sech dovun eng Hausse beim EU-Export vun zum Beispill Autoen a Südamerika. Aus de Mercosur-Länner kommen iwwerdeems landwirtschaftlech Produiten a Rostoffer an Europa. D’Baueren fäerten, dass mat dësem Accord den europäesche Maart mat bëllegem Fleesch aus Südamerika iwwerrannt gëtt. An och Ëmwelt-Organisatioune gesinn d’Ofkommes weider kritesch.
D’Biller aus Frankräich, Irland an der Belsch schwätze fir sech. Rose Bauere manifestéiere géint de Mercosur-Accord. Zu Lëtzebuerg hält ee sech mat grousse Protestaktiounen zréck, obwuel een och hei am Land d’Fräihandelsofkommes net guttheescht.
Greenpeace Lëtzebuerg zum Beispill warnt viru schwéiere Konsequenze fir d’Ëmwelt, d’Klima an d’Rechter vun indigene Bevëlkerungen. Och d’Baueren-Allianz an d‘Baueren-Zentral stinn dem Accord kritesch géigeniwwer, wann och op eng aner Manéier.
D‘Baueren-Allianz plädéiert zwar fir méi Handel, fuerdert awer kloer a verbindlech Reegele fir jiddereen. Lëtzebuerger Bauere géifen ënner héijen Ëmwelt-, Déiereschutz- a Gesondheetsstandarde produzéieren. Standarden, déi och fir Importprodukter misste gëllen, well et soss zu enger deloyaler Konkurrenz géif kommen, sou d’Baueren-Allianz an engem Communiqué.
Baueren an Ëmweltschützer warnen virun de Konsequenzen
D‘Bauerenzentral fir hiren Deel, géing d‘Protestaktioune vu Baueren am Ausland gutt verstoen, distanzéiert sech awer gläichzäiteg kloer vu gewalttätege Manifestatiounen a betount d’Wichtegkeet vun engem gereegelte, fairen Handel. De President, Christian Wester, gesäit d‘Ofkommes kritesch:
“Dat ass wéi wa mir muer géinge soen am Verkéier: ‘aAll Auto deen zu Lëtzebuerg immatrikuléiert ass, dierf mat 30 km/h fueren, an alleguer déi Autoen, déi net zu Lëtzebuerg ugemellt sinn, dierfe fuere wéi se Loscht hunn a brauche kee Code de la Route méi ze respektéieren.’ Da géingen d‘Autoschaufferen hei am Land och op d‘Barrikade goen. Esou verhält et sech och hei beim Mercosur, an d‘Leit si frustréiert, si stinn a verschiddene Géigenden an Europa, um Rand vun hirer Existenz.”
Den Aschätzunge vu Greenpeace Lëtzebuerg no, géif den Accord d’Agro-Industrie a Südamerika stäerken an indirekt zur weiderer Ofholzung vum Amazonas-Reebësch bäidroen. De Gauthier Hansel vu Greenpeace Lëtzebuerg gesäit am Mercosur-Ofkommen e seriöen Ugrëff op d’Biodiversitéit, d’Klima an d‘Mënscherechter:
“Ce traité va contribuer à augmenter les émissions de gaz à effet de serre. Donc, il est incompatible avec nos objectifs climatiques européen-luxembourgeois, ce qui va contribuer à renforcer la déforestation notamment dans l’Amazonie, une région qui est déjà proche d’un seuil de non-retour. Enfin, il était négocié pendant plus de 25 ans sans la participation des peuples autochtones, alors qu’il va directement impacter leurs droits et leur territoire.”
D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen, reest e Samschdeg a Paraguay, fir den Accord mat de politesche Leader vun der Mercosur-Unioun z’ënnerschreiwen. Den Traité muss da vum Europäesche Parlament ratifizéiert ginn, wou grouss Deeler vun der Oppositioun sech nach ëmmer staark géint den Accord stäipen.