Tragescht OngléckBam op Grupp vu Leit gefall: 3 Doudesaffer bei Ouschter-Ausfluch zu Flensburg

RTL Lëtzebuerg
Wéinst staarkem Wand ass een 30 Meter héije Bam op ee Grupp Mënsche gefall, mellen déi lokal Autoritéiten.
© RTL

Op d’mannst dräi Persoune wieren em d’Liewe komm. Ee Puppelche vun zéng Méint, ee 16 Joer jonkt Meedchen an eng Fra vun 21 Joer. Weider Persoune wieren deels schwéier verletzt ginn. Éischten Informatiounen no soll et sech beim Grupp em eng Kanner- a Jugendhëllefstruktur handelen, déi op Ouschteren een Ausfluch organiséiert hat.

Back to Top
CIM LOGO