
Déi kolumbianesch Marinn huet am Karibesche Mier bei zwou verschiddenen Interventioune bal 4,7 Tonne Kokain saiséiert. Dat si méi wéi 11 Milliounen Consommatiounen, déi domat aus dem illegalen Handel geholl goufen. Nieft der Saisie vu Kokain goufen och aacht Persoune festgeholl.
D'Marinn hat zwee Schnellbooter am Süde vun der Karibik ofgefaangen. An engem vun dëse Booter konnten 3.834 Kilo Kokain séchergestallt ginn, an engem anere Boot waren et 856 Kilo.
De Wäert vun de saiséierten Droge beleeft sech op iwwer 215 Milliounen US-Dollar.