
No deeglaangem Reen mat grousse Quantitéiten am US-Bundesstaat Hawaii goufen e Freideg eng 5.500 Leit opgeruff, hir Haiser ze verloossen. Zwou komplett Uertschaften op der Insel Oahu goufe evakuéiert, well d’Autoritéite fäerten, dass een 120 Joer ale Staudamm d’Mass vum Héichwaasser net méi kéint packen.
Am Norde vun der Insel Oahu läit de Staudamm vu Wahiawa. Oaho ass déi drëttgréissten Insel vun Hawaii an op hir läit d’Haaptstad Honolulu. Vun den Autoritéiten heescht et aktuell, datt et en eminente Risiko gëtt, datt de Staudamm kéint briechen. “Verloosst direkt d’Géigend am Beräich vum Staudamm”, heescht et vun de zoustännege Servicer. Fir datt d’Awunner et och all solle matkréien, goufe souguer d’Noutfall-Sireenen ugemaach an d’Leit an der betraffener Ëmgéigend goufen och iwwer Handy gewarnt, seet de Buergermeeschter vun Honolulu.
Weider ginn et och Pompjeeën, “déi vun Dier zu Dier ginn”, esou e Spriecher vun der Gemeng géintiwwer AFP. “D’Situatioun ass ganz uerg am Zentrum an am Norde vun Oahu”, seet de Ian Scheuring weider. Et goufe scho fënnef Zenteren opgeriicht, wou d’Leit, déi hir Haiser a Wunnenge hu misste verloossen, betreit kënne ginn.
Bis ewell wier et awer nach net zu engem trageschen Doudesfall komm, esou de Spriecher vun der Gemeng Honolulu weider. Et koumen awer verschidden Noutriff, well Leit duerch d’Waassermassen isoléiert goufen an hu missten aus hirer mësslecher Situatioun gerett ginn. D’Waasser war zum Deel esou staark, datt et Autoe vun Awunner einfach matgerappt huet.
Vum Gouverneur vun Hawaii Josh Green heescht et dann, datt d’Waassermassen an de Reserve vun der Insel e geféierlechen Niveau erreecht hätten. Dowéinst hätt een och decidéiert, fir d’Alerten erauszeginn. D’Wieder ass am Moment extrem, grad am Norde vun Oahu a an der Nuecht wäert et weidergoen. “Verschidde Leit hu missten evakuéiert ginn”, schreift de Green an de soziale Medien.
D’Meteorologe gesinn och um Rescht vun der Woch nach vill Reen op d’Géigend zoukommen. E groussen Deel vun Hawaii gouf scho wéinst dem ville Reen an Alerte versat, ma grad fir den Norde vun Oahu gesäit et aktuell ganz schlëmm aus.