Mat Nout-Aaxt Pilot attackéiertAutoritéiten am Oman hate Verdacht, dass Co-Pilot sech radikaliséiert hat

Marlène Clement
De Mann duerft dowéinst a sengem Heemechtsland net méi fléien, krut awer en Job bei Flydubai.
TOPSHOT - A sculpture made by India's sand artist Sudarsan Pattnaik depicts India's pilot Smit Machchhar, the captain of flydubai flight FZ 1073, at a beach in Odisha's Puri city on October 1, 2026.
De Pilot vum Flydubai-Fluch vun Dubai op Tel Aviv, de Kapitän Smit Machchhar gëtt als Held gefeiert, nodeems hie Schlëmmeres no der Attack op hie verhënnere konnt.
© AFP

Dräi Deeg nom Incident um Vol vu Flydubai vun Dubai op Tel Aviv, hunn d'Autoritéiten elo weider Detailer bekannt ginn. De Co-Pilot aus dem Oman, deen de Kapitän wärend dem Vol soll ugegraff a blesséiert hunn, hätt en "Terrorakt" geplangt. Hien hätt de Pilot mat der Nout-Aaxt aus dem Cockpit attackéiert, heescht et um Samschdeg.

Medieberichter no hätt hien a sengem Hierkonftsland aus Sécherheetsbedenken och net méi dierfe fléien. D'Autoritéiten am Oman hätten de Verdacht gehat, datt de Mann sech wärend engem Openthalt a Syrien radikaliséiert hätt.

Nodeems en net méi fir déi national Airline Oman Air konnt fléien an och net bei Emirates ugeholl gi wier, hätt e bei der Fluchgesellschaft Flydubai ugefaangen.

Back to Top
CIM LOGO