Autobunn bei Léck (B)Mann, dee gedreet hat, säin Auto ze sprengen, huet sech erginn

RTL Lëtzebuerg
Op der E25 op der Héicht vu Sprimont gouf e Samschdeg e gréissere Sécherheetsperimeter ageriicht. Antëscht gëtt et Entwarnung.
Policeauto an der Belsch (Symbolfoto)
Beim presuméierten Täter soll et sech ëm e Polizist handelen.
© MARTIN BERTRAND/Hans Lucas via AFP

E Samschdeg de Moie gouf d'Autobunn E25 op der Héicht vu Sprimont eng 25 Kilometer vu Léck ewech a béid Richtunge fir de Verkéier gespaart, well ee Mann gedreet hat, säin Auto an d'Luucht ze sprengen. De Procureur de division de Liège, de Gilles de Villers Grand Champs, sot "Belga" géigeniwwer, de Mann hätt sech no Negociatioune fräiwëlleg erginn. Hie gouf festgeholl an d'Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.

De Verkéier op der E25 a Richtung Lëtzebuerg/Léck op der Héicht vu Sprimont gouf nees fräiginn, huet d'Gemeng e Samschdeg am Nomëtteg op Facebook matgedeelt. Déi aner Richtung blouf fir de Verkéier nach gespaart.

Ugefaangen huet déi ganz Situatioun mat engem Accident op der E25 a Richtung Lëtzebuerg, un deem dräi Autoe bedeelegt waren. D'Situatioun ass dono awer séier eskaléiert, wéi ee vun de Männer, deen an den Accident verwéckelt war, domadder gedreet huet, säin Auto an d'Luucht ze sprengen.

D'Rettungsekippe konnten nach eng Persoun, déi beim Accident blesséiert gouf, vun der Plaz evakuéieren an och all d'Gefierer, déi wéinst dem Tëschefall op der Autobunn blockéiert waren, goufe lues a lues aus dem Geforeberäich bruecht. Dëst waren eng 50 Autoe mat ronn 100 Passagéier.

Wéi de Soir schreift, hat de Buergermeeschter vu Sprimont géint 10:20 Auer eng Krisereunioun aberuff. D'Pompjeeën, d'Police, d'Spezialunitéite fir Deminage an d'Police fédérale waren op der Plaz. Wéi "Le Soir" schreift hätt ee Sichhond op Sprengstoff ugeschloen, ma op wierklech Sprengstoff op der Plaz war, kéint elo nach net confirméiert ginn, esou den zoustännege Procureur.

Back to Top
CIM LOGO