15. Joresdag vun NuklearkatastrophAtomreakter 6 zu Fukushima soll den 18. Mäerz erëm un d'Netz goen

Petz Bartz
Zeréck an d'Joer 2011: Op den Dag viru 15 Joer koum et a Japan zum schwéiersten Accident an engem Atomkraaftwierk zanter der Katastroph vun Chernobyl an der Ukrain am Joer 1986.
15. Joresdag vun Nuklearkatastroph zu Fukushima
Op den Dag viru 15 Joer koum et a Japan zum schwéiersten Accident an engem Atomkraaftwierk zanter der Katastroph vun Chernobyl.

E schwéiert Äerdbiewen hat en Tsunami ausgeléist, deen d’Nuklearzentral vu Fukushima zerstéiert hat. D’nächst Woch soll ee vun de Reakteren erëm un d’Netz goen.

Freides den 11. Mäerz 2011 hat en Tsunami bei Fukushima d’Ostküst vu Japan getraff, just 220 Kilometer nërdlech vun der Haaptstad a Milliounemetropol Tokio. Bannent enger hallwer Stonn haten d’Wellen d’Uertschafte laanscht d’Mier vun der Landkaart geholl. Méi wéi 15.000 Awunner koumen ëm d’Liewen a ronn 200.000 Leit hunn d’Regioun direkt misse verloossen a goufen zwangsevakuéiert.

Wesentlech méi uerg: d’Welt hat hir nächst Nuklearkris. Den Tsunami hat d’Atomzentral vu Fukushima Daiichi zerstéiert an an dräi Reakteren zu engem Meltdown gefouert. Eng Nuklearkatastroph vun onvirstellbarem Ausmooss huet vun do un hire Laf geholl.

An engem seelene Musterbeispill vu komplett feelgeschloener Krisekommunikatioun ass de CEO vun der Bedreiwergesellschaft Tepco Tsunehisa Katsumata eréischt den 30. Mäerz, quasi 20 Deeg no der Katastroph, virun e Mikro getrueden.

“Mir wëllen ons entschëllegen am déifste vun onse Häerzer fir d’Lee, dat mer esou ville Leit bruecht hunn an och der Gesellschaft am Ganzen.”

Japan setzt wéinst dem permanente Bedierfnes vu Killwaasser gären Atomzentralen op Plagen. Op déi elementar Fro, firwat am Äerdbieweland Nummer 1 keng Bunkermauer ronderëm d’Reaktere viru Welle schützt, gouf et keng Äntwert op där ominéiser Pressekonferenz.

2012 gouf d’Wierk vu Fukushima nationaliséiert, fir et ze retten. D’Regierung huet ëmgerechent 10 Milliarden Euro investéiert. An de Joren drop ass d’Zuel vun den Doudesaffer, och duerch d’atomar Radiatioun, op ronn 20.000 geklommen.

D’Bedreiwergesellschaft Tepco huet en 22 Meter laange Roboteraarm entwéckelt, deen an enger Kapsel aus der Distanz kann an den extreem kontaminéierte Meltdown-Zone vum Wierk agesat ginn. Dëse Summer sinn d’Tester ofgeschloss an e wäert kënnen agesat ginn. En huet d’Aufgab 880 Tonne vum stralungsstäerkste Material weltwäit ofzedroen. D’Missioun ass virleefeg op méi wéi 80 Joer ugesat.

Am August 2023 huet Japan schonn ugefaangen, eng Millioun Tonne vun traitéiertem radioaktive Killwaasser aus de Wierker an de Pazifik ofzeloossen. D’Isotope sollen duerch Filteren zeréckgehale ginn. Analysen no bleiwen awer Spuere vun déidlechem Tritium. Dat wier inevitabel.

Zanter 2011 produzéiert Japan just 8,5 Prozent vu sengem Stroum duerch Atomkraaft. Virdru waren et ronn 30 Prozent. D’nächst Woch, den 18. Mäerz, plangt Tepco de Reakter Nummer 6 vu Fukushima fir d’éischte Kéier erëm un d’Netz goen ze loossen.

Back to Top
CIM LOGO