Firma hannert der KI "Claude"Anthropic mécht säi stäerkste KI-Modell fir de Public accessibel

AFP, iwwersat vun RTL
De Modell mam Numm "Mythos" wäert fir de Public ënnert der Bezeechnung "Fable 5" accessibel sinn. Dat mat ageschränkte Funktiounen.
© SAMUEL BOIVIN/NurPhoto via AFP

D'amerikanesch KI-Entreprise Anthropic, déi hannert der Kënschtlecher Intelligenz "Claude" steet, huet eng éischt Versioun vun hirem neie KI-Modell "Mythos" verëffentlecht. Eng Versioun vun dësem Modell soll ënnert dem Numm "Fable 5" och fir de breede Public accessibel sinn. Allerdéngs wäert dës Versioun an hire Funktiounen ageschränkt sinn.

"Mythos" ass deen avancéiertste KI-Modell vun Anthropic. Experten no kéint dëse Sécherheetslücken an informatesche Systemer an enger bis ewell onerreechter Vitess erkennen an ausnotzen. D'Firma hat de Modell am Abrëll presentéiert, seng Notzung awer op wéineg Partner beschränkt, dorënner d'US-Regierung an eng Rei privat Firmen.

An Däitschland hu Verfassungsschützer a Sécherheetspolitiker gewarnt, dass Krimineller "Mythos" fir Cyberattacken op Banken oder Energieanlage kéinten notzen.

Back to Top
CIM LOGO