5 DoudegerAn der Nuecht op e Sonndeg hu sech Russland an d'Ukrain nees géigesäiteg attackéiert

Marlène Clement
Zwee Doudesaffer zu Kharkiv, dräi am russesche Belgorod.
© VIACHESLAV MADIIEVSKYI/NurPhoto via AFP

An der Nuecht op e Sonndeg hu sech Russland an d'Ukrain nees géigesäiteg attackéiert. Bei enger Dronenattack zu Kharkiv wieren zwee Mënsche gestuerwen an Dosende Leit blesséiert ginn, schreift den ukrainesche President Selenskyj an de Soziale Medien. Och Odessa wier mat Rakéiten an Dronen ugegraff ginn. Moskau huet d'Attacke op déi ukrainesch Hafestad confirméiert.

Déi russesch Autoritéite mellen iwwerdeems eng ukrainesch Dronenattack op déi russesch Grenzstad Belgorod. Rieds geet vun dräi Doudegen a 25 Blesséierter.

Back to Top
CIM LOGO