5 Punkten op der RichterskalaAn der Géigend vun der ägyptescher Haaptstad Kairo huet de Buedem geziddert

Joel Detaille
Gréissere Schued oder Blesséierter goufen nom Äerdbiewe bei Kairo bis elo net gemellt.

En nawell zolidd Äerdbiewe gouf et an der Nuecht op e Méindeg an der Géigend vun der ägyptescher Haaptstad Kairo. De Buedem huet mat iwwer 5 Punkten op der Richterskala geziddert, an den Epizenter louch a manner wéi 10km Déift, wat déi iwwer 20 Milliounen Awunner an der Metropol gutt erféiert huet.

Gréissere Schued oder Blesséierter soll et net ginn hunn, generell sinn Äerdbiewen an Nord-Afrika awer ganz seelen.

Back to Top
CIM LOGO